Ball - Sponsoring
8th August 2025
FC Schuller

❗️Ball-Sponsoring❗️
A gutt 2 Wochen geet déi 1. Halschent vun der Saison 2025/2026 auswäerts géint FC Stengefort un 💪
Fir d’Hinronn si mir nach op der Sich no e puer Ball-Sponsoren ⚽️⚽️
Egal ob Privatpersoun oder Entreprise – als Sponsor hëlleft Dir dem FC Schuller de Fonctionnement vum Veräin an den Encadrement vun eisen Equippen z’erméiglechen.
➡️ Maximal 2 Ball-Sponsoren pro Match
Als Ball-Sponsor profitéiert Dir vu:
📸 Eng Foto mam Kapitän virum Match
🎟️ 2 gratis Entréen fir de jeeweilegen Match
🍺 2 Pätt op d’Haus
🌭 2 Thüringer op d’Haus
📩 Mellt Iech bei engem Comité-Member oder schéckt eng Mail un sponsoring@fcschuller.lu a gitt fir 100 € Ball-Sponsor vum FC Schuller.
Matcher an der Hinronn 2025/2026:
31.08.2025 – géint AS Red Black Luxembourg ⚽️
28.09.2025 – géint Etoile Sportive Clemency
05.10.2025 – géint FC Noertzange H.F
12.10.2025 – géint FC Ehlerange
26.10.2025 – géint US Moutfort-Medingen
16.11.2025 – géint FC Les Aiglons Dalheim
23.11.2025 – géint US Esch/Alzette
07.12.2025 – géint Jeunesse Biwer
(Datumer kënnen bis zu 10 Deeg virum Match geännert ginn) 👀
💳 Bezuelung:
Iwwerweist 100 € op:
BCEELULL LU12 0019 6600 0609 5000 – FC Schuller
Oder bezuelt einfach iwwer Payconiq oder Kaart (an der Buvette).
🙏 De FC Schuller seet Iech elo schonn e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung!
