Den FC ES Schouweiler...

schons ëm 1920 hunn e puer  jonk Fussballlegenden an der Marx-Wiss op der Kastill op engem provisoresch an d’Rei gesate Feld Fussball gespillt. Duerno, ëm 1925, hunn si du missen an eng aner Wiss spille goen, an zwar am „Grëndchen“, net wäit ewech vun dem haitege Site.

 

Nodeems et dunn e bësse méi roueg ëm de Schuller Fussball gi war, sinn du Statuten ausgeschafft ginn a mat Wierkung op den 1. Januar 1933 ass den FC Étoile Sportive Schouweiler offiziell gegrënnt ginn.

 

Den éischte Comité vum FC Étoile Sportive Schouweiler: President: Jean Schmitz; Vize-President: Nicolas Hartz; Sekretär: Nicolas Erpelding; Caissier: Nicolas Kass.

 

Den éischten offizielle Match ass géint Lëntgen gespillt ginn an ass mat 3 – 1gewonne ginn. Den Terrain war déi Zäit zu Sprénkeng beim Kräiz.

 

Wéi dunn de Krich ausgebrach ass, konnt kee Fussball méi gespillt ginn. Och den FC ES Schuller ass net verschount ginn an huet jonk Spiller misse fir de Krich afferen. Zum Leed vun eis all sollte vill vun hinnen net méi heem kommen.

 

Nom Krich ass dunn awer en neien Depart geholl ginn an de Schuller Fussball huet erëm eng Equipe an och en neie Comité op d’Been gestallt.

 

1947 konnt de Schuller Fussball säin éischte grousse sportlechen Erfolleg feieren, si si Bezierksmeeschter an der 3. Divisioun ginn an domat an 2. Divisioun geklomm.

D’Spiller vun deemools: Schmitz Marcel; Rischard François; Schmitz Nic; Mond Pierre; Greisch Henri; Krier Adolphe; Pauly Mich; Wahl Nic; Fusenig Pierre; Goedert R.; Fuerpass Victor; Schaedgen François; Reisch Emile.

 

Nodeems datt de Schuller Fussball an de 50er Joren  zu Sprénkeng beim Kräiz, op der Schuller-Gare vis-à-vis vum Restaurant an duerno op der Haaptstross an der Wiss vum Edmond Pauly gespillt huet, huet den deemolege President Nicolas Schmitz zesumme mat senge Kollegen aus dem Comité beschloss, dass een sech elo laang genuch geplot a geschummt hätt, fir déi friem Equippen op knubbelege Wisen an ouni uerdentlech Duschméiglechkeet ze empfänken.

No laanger Récksprooch mam Gemengerot vun deemools huet dësen dann och agesinn, dass dat esou net weidergoe kënnt an huet dem  Projet  „Neie Fussballterrain“ zougestëmmt.

 

Mat dem Material, wat Dippecher Gemeng gestallt huet, sinn d’Spiller an den Comité ënnert dem staarken Impuls vun hirem President dem „Schmitz Néckel“ dunn 1971 higaangen an hu selwer mat de komplizéierten Aarbechten op „Bruchheck“, dem haitegen Site, ugefaangen.

Et war dacks net einfach a mat vill Schwieregkeete verbonnen, well net ëmmer alles esou geklappt huet, wéi dat virgesi war: kee Material do oder net dat richtegt, d’Leit net all disponibel, etc.

Du koum och nach e schwéire Réckschlag, wéi de President Néckel Schmitz den 26. Juni beim Bau vun de Fangnetzer elektrocutéiert gouf a schwéier blesséiert huet missen an d’Spidol gefouert ginn.

Mee esou kuerz virun der Arrivée wollte si all net opginn an hunn d’Äerm nach eng Kéier eropgestrëppt a weider gemaach.

 

No net manner ewéi ±6000 dausend Aarbechtsstonnen (dovun eleng wäit iwwert 1500 Stonne vum President Schmitz Néckel), je 900 Stonne vun dem deemols scho 75 järege Gust. Peltier an  dem 62 Joer ale Kass Néckelchen, konnten déi nei an éischt Vestiairen vum FC  Schuller zesummen mat dem neien Terrain endlech den 30. Juli 1972 offiziell ageweit ginn.

Bei dëser grousser feierlecher Geleeënheet krut de Veräin och säin éischte Fändel vu Pätter a Giedel iwwerreecht.

De Comité vun deemols: Schmitz Nic. (Pres.); Rauland Jean (Vize-Pres.); Scharry Jos (Sekret.); Kass  Nic.(Caissier), Cleenewerck Arm.; Marson Robert; Thill Jos.; Thill René; Wahl Nicolas;

Pätteren a Giedele vum 1. Fändel :

Mme Erpelding Nicolas; Mlle Schmitz Christiane; Mlle Hartz Marguerite; Mr Hess René; Mr Rauland Marcel a Mr Schmit  Pierre.

1972 war e grousst Joer fir de Schuller Fussball, well nieft all deene Feierlechkeeten ass ënnert der Leedung vum Krecké’s Georges och déi éischt Jugendequipe (Scolaires) an der Veräinsgeschicht gegrënnt ginn.

Mee ewéi an all Veräin gouf et net nëmmen ze feieren, et gouf och Réckschléi a schwéier Momenter z’iwwerstoen. Een dovu war wéi 1980 de laangjärege President Nicolas Schmitz vun senger Fonktioun zeréck getrueden ass. A wéi sollt et weidergoen ouni seng Dynamik?

 

No méi turbulente Joren ënnert de Presidenten Norbert Sassel (1980-1983) an duerno dem  Raymond Krack (1983-1985) huet dunn am Laf vum Joer 1986 eng nei Equipe ënnert der Leedung vu Jean Hengesch (President 86-88) a Roger Winandy (Sekretär 86- 88, President 88-90)  d’Leedung vum Veräin iwwerholl.

Ënnert dem Impuls vun dësem Roger Winandy an der Ënnerstëtzung vum deemolege Buergermeeschter an fréieren President Norbert Sassel  ass du beschloss ginn en neien zousätzleche 2ten Vestiairestrakt ze bauen.

Esou wéi dat schonns an de 70er Joeren de Fall war, huet d’Gemeng d’Material gestallt an e puer Idealisten, hunn dat Ganzt dunn zesummegesat.

No knapp 2 Joer Bauzäit an iwwert 4500 Aarbechtsstonnen konnt dunn den 20. August 1989 och dëst Gebai ageweit ginn.

Ganz déif Trauer ass dunn am August 1990 iwwert de Veräin komm, wéi eis ganz onerwaart de Roger Winandy fir ëmmer verlooss huet.

 

Trotz dësem ganz schwéiere Schlag huet et misse weidergoen an de Veräin huet probéiert dem Frënd Roger seng Dynamik an Iddiën esou gutt wéi méiglech weider ze liewen, wat awer net ëmmer esou einfach war, an den Veräin déi eng oder aner Kéier batter Stonnen huet missen iwwert sech ergoen loossen.

Ënnert der Leedung vum President Nico Lessyn konnt dunn awer am August 1993 dem FC Schuller seng 60 Joer gefeiert gin.

De permanenten Zouwuess vun der Populatioun an der Gemeng Dippech huet mat sech bruecht, dass nieft 2 Seniors- an 1 enger Härenequipe ëmmer méi Jugendequipen entstane sinn. Déi Vestiairen aus de 70. Joren, déi hiren Déngscht méi ewéi geleescht haten, konnten den haitegen Ufuerderungen net méi Stand halen.

Verschidde Gespréicher a Versammlunge mat de Gemengeverantwortlechen hunn hir Friichte gedroen an eis Gemeng huet dem Bau vun neie Vestiairen zougestëmmt.

Den 16. September 2005 ass dun deen neien Vestiaire-Komplex faerdeg gin.

2013 ass eng nei an wichteg Etapp derbai komm wéi eis Gemengeverantwortlech décidéiert hun een 2. Spillfeld (synthetisch) unzeleen. Desen Terrain konntat net méi spéit ewéi 2015  feierlech ageweiht gin.

Den FC Schuller ass an bleift en klengen familiären Club, wou den Spaass am Virdergrond steet, ouni awer dat sportlecht ze vergiessen, besonnesch eis Jugend huet an deenen leschten Joren ëmmer erëm op sech opmierksam gemaach.

Esou gouf et flott Momenter ze erliewen, wéi zum Beispill déi 2 Champions-Titelen am Futsall bei 5 Finalen wou mir derbäi waren oder den zweefachen Gewënn vum Ettelbrecker-Fussballdag, den Adidas-Cup bei Bayer Leverkusen, een Landesmeeschtertitel bei den Scolaires an enger Entente mat eisen Kollegen vun Käerjeng oder déi fantastesch Final vum Cadets-Championnat 2007/2008 wou eis Jongen an der Entente zesummen mat den Frënn vun Monnerech an enger dramatescher Final den Titel geholl hunn.

Seit Joeren kommen emmer erem jonk talentéiert Spiller an den verschiddenen FLF-Kaderen zum Asatz wat e Beweiss ass fir déi exzellent Jugendarbecht vum FC ES Schuller.

Een ganz groussen Merci geet och un eis Gemeng, déi emmer een oppend Ouer fir eis Suergen huet an eis emmer ennerstetzt wou et hinnen nemmen méglech ass. Merci

Net vergiessen, däerfen an wëlle mir déi Leit, déi an der Vergaangenheet an och aktuell mat hirem Engagement, hirem Schweess, oder als Sponsor den FC ES Schuller ënnerstëtzten an soumat  derzou beigedroen hun  an wieder derzou beidroen, dem Schuller Fussball seng Zukunft ze sécheren esou dass et eis elo schon 87 Joer gëtt an hoffentlech nach vill Joeren derbai kommen.

Hinnen Alleguer een ganz groussen   MERCI