
MAKE ME SMILE GLOBAL RUN @ FC SCHULLER
Den Weekend vum 24.+25. Abrëll organiséiert Make Me Smile International den MAKE ME SMILE GLOBAL RUN an den FC SCHULLER leeft mat!
Lafen fir den Gudden Zweck. Hëlleft eis Hëllefen.
Et kann jiddereen deen Loscht huet sech ze beweegen ob den Schuller Fussballterrain lafen kommen an duerch eng kleng Spend (1 € den Tour) hëllefen an schonn immens vill beweegen.
D'Kanner sinn och invitéiert! Fir déi Erwuessen déi net esou gären lafen mee léiwer Walking maachen an sech och wëllen bedeelegen kennen einfach bei eis laanscht kommen an gären eppes spenden.
Dat ganzt verleeft ënnert den aktuelle Covid-19 Restriktioune mam néidegen Ofstand an et gëtt opgepasst dass de Site net ze vill iwwerlaascht ass.
Den Samschden, 24. Abrëll 2021 vun 14:00 - 18:00 an Sonndes 25. Abrëll vun 9:00-12:00
Samschdes 24. Abrëll 2021
14:00-18:00 Erwuessener & Kanner
14:00-15:00 Minimes / Poussins vum FC Schuller
15:30-17:00 Scolaires vum FC Schuller
Sonndes 25. Abrëll 2021
09:00-12:00 Erwuessener & Kanner
10:00-12:00 Seniorsspiller vum FC Schuller
All Informatioune wéi d'Spende verwennt ginn, fann dir ennert www.makemesmile-kenya.org