BAYRESCHEN OWEND @HOME


04 January 2021

Léif Frënn,
 
Fir unzefänken, wënschen d’Membere vum Comité vum FC Schuller Iech alles Guddes fir 2021. 
 
Hoffe mer alleguer zesummen, dass dëst Joer besser gëtt, wéi Dat wat mir hannert eis hunn. Mir wollten och eise klenge Beitrag dozou leeschten, dass déi gewinnten Traditiounen net verluer ginn.
 
Leider ass et eis dëst Joer awer net méiglech, eise flotte Bayreschen Owend an där gewinnter Form ofzehalen. Mä, wéi scho gesot, wollte mer awer probéieren dës Traditioun sou gutt wéi méiglech bäizebehalen an dofir komme mir dëst Joer bei Iech.
 
Ugehaangen eis Invitatioun an de Bestellformular mat den Detailer.
 
Aus organisatoresch Grënn, kenne mir leider net duecht d’ganz Land liwweren, a mussen eis op d’Gemeng Dippech an Ëmgéigend reduzéieren. Sollt et Iech, als eis reegelméisseg Ënnerstëtzer déi net an der Gemeng an Ëmgéigend wunnen, net méiglech sinn Är Bestellung sichen ze kommen, kënnt Dir awer gäre Kontakt mat eis ophuelen fir dass mir zesummen eng Léisung fannen.
 
Mir hoffen, dass mer Iech heimat e bëssen hëllefen, déi schwéier Zäit méi flott ze verbréngen, an freeën eis schonn op d’Editioun 2022 natierlech erëm alleguer zesummen an enger flotter Ambiance.
 
Mat beschte Gréiss
 
De Comité vum Schuller Fussbal.

bayreschen owend 2021.pdf

bayreschen owend 2021 formular.pdf