Seniors 1 ginn zweeten zu Pärel


26 July 2023

Lescht Joer konnt eis Seniors 1 den Turnéier zu Pärel gewannen, dës Kéier ass et "just" fir déi zweete Plaaz duergaangen.
 
An der Halleffinall huet sech Schuller mat 5:3 géint Folschette duerchgesat.
An der Finall koum et mam selwegte Resultat allerdéngs zu enger Defait géint Pärel.
 
Et waren déi éischt Testmatcher déi an dëser Preparatioun gespillt goufen.
Eis Männer hunn alles ginn.