Geschicht

Chronik iwwer de Schuller Fussball

Foto equipe ancien 1Schon ëm 1920 hunn e puer  jonk Fussballgecken an der Marx-Wiss op der Kastill op engem provisoresch an d’Rei gesate Feld Fussball gespillt. Duerno, ëm 1925, hunn si du missen an eng aner Wiss spille goen, an zwar am „Grëndchen“, net wäit ewech vun dem heitege Site.

Nodeems et dunn e bësse méi roueg ëm de Schuller Fussball gi war, sinn du Statuten ausgeschafft ginn a mat Wierkung op den 1. Januar 1933 ass den FC Étoile Sportive Schouweiler gegrënnt ginn.

Den éischte Comité vum FC Étoile Sportive Schouweiler: President: Jean Schmitz; Vize-President: Nicolas Hartz; Sekretär: Nicolas Erpelding; Caissier: Nicolas Kass.

Den éischten offizielle Match ass géint Lëntgen gespillt ginn an ass mat 3 – 1 gewonne ginn. Den Terrain war déi Zäit zu Sprénkeng beim Kräiz.

Wéi dun de Krich ausgebrach ass, konnt kee Fussball méi gespillt ginn. Och den FC ES Schuller ass net verschount ginn an huet jonk Spiller misse fir de Krich afferen. Zum Leed vun eis all sollte se net méi heem kommen.

Nom Krich ass dunn awer en neien Départ geholl ginn an de Schuller Fussball huet erëm eng Equipe an och en neie Comité op d’Been gestallt.

1947 konnt de Schuller Fussball säin éischte grousse sportlechen Erfolleg feieren, si si Bezierksmeeschter an der 3. Divisioun ginn an domat an 2. Divisioun geklomm.

D’Spiller vun deemols: Schmitz Marcel; Rischard François; Schmitz Nic; Mond Pierre; Greisch Henri; Krier Adolphe; Pauly Mich; Wahl Nic; Fusenig Pierre; Goedert R.; Fuerpass Victor; Schaedgen François; Reisch Emile.

Nodeems datt de Schuller Fussball an de 50er Joren op der zu Sprenkeng beim Kräi, op der Schuller-Gare an duerno op der Haaptstross an der Wiss vum Edmond Pauly gespillt huet, huet den deemolege President Nicolas Schmitz zesumme mat senge Kollegen aus dem Comité beschloss, dass een sech elo laang genuch geplot a geschummt hätt, fir déi friem Equippen op knubbelege Wisen an ouni uerdentlech Duschméiglechkeet ze empfänken.

No laanger Récksprooch mam Gemengerot vun deemols huet dësen dann och agesinn, dass dat esou net weidergoe kinnt an huet dem  Projet  „Neie Fussballterrain“ zougestëmmt.

Mat dem Material, wat Dippecher Gemeng gestallt huet, sinn d’Spiller an den Comité ënnert dem staarken Impuls vun hirem President dem „Schmitz Néckel“ dunn 1971 higaangen an hu selwer mat de komplizéierten Aarbechten op „Bruchheck“, dem heitegen Site, ugefaangen.

Et war daks net einfach a mat vill Schwieregkeete verbonnen, well net emmer alles esou geklappt huet, wéi dat virgesi war: kee Material do oder net dat richtegt, d’Leit net all disponibel, etc.

Du koum och nach e schwéire Réckschlag, wéi de President Néckel Schmitz de 26. Juni beim Bau vun de Fangnetzer elektrokutéiert gouf a schwéier blesséiert huet missen an d’Spidol gefouert ginn.

Mee esou kuerz virun der Arrivée wollte si all net opginn an hunn d’Aerm nach eng Kéier eropgestrëppt a weider gemaach.

Foto comite ancienNo net manner ewéi ±6000 dausend Aarbechtsstonnen (dovun aleng wäit iwwert 1500 Stonne vum President Schmitz Néckel), je 900 Stonne vun dem deemols scho 75 jährege Gust. Peltier an  dem 62 Joer ale Kass Néckelchen, konnten déi nei an éischt Vestiairen vum FC Schuller zesummen mat dem neien Terrain endlech den 30. Juli 1972 offiziell ageweit ginn.

Bei dëser grousser feierlecher Geleeënheet krut de Veräin och säin éischte Fändel vu Pätter a Giedel iwwerreecht.

De Comité vun deemols: Schmitz Nic. (Pres.); Rauland Jean (Vize-Pres.); Scharry Jos (Sekret.); Kass  Nic.(Caissier), Cleenewerck Arm.; Marson Robert; Thill Jos.; Thill René; Wahl Nicolas;

Pätteren a Giedele vum 1. Fändel :

Mme Erpelding Nicolas; Mlle Schmitz Christiane; Mlle Hartz Marguerite; Mr Hess René; Mr Rauland Marcel a Mr Schmit  Pierre.

1972 war e grousst Joer fir de Schuller Fussball, well nieft all deene Feierlechkeeten ass ënnert der Leedung vum Krecké’s Georges och déi éischt Jugendequipe (Scolaires) an der Veräinsgeschicht gegrënnt ginn.

Mee ewéi an all Veräin gouf et net nëmmen ze feieren, et gouf och Réckschléi a schwéier Momenter z’iwwerstoen. Een dovu war wéi 1980 de laangjährege President Nicolas Schmitz zeréck getrueden ass. A wéi sollt et weidergoen ouni seng Dynamik?

No méi turbulente Joeren ënnert de Presidenten Norbert Sassel (1980-1983) an duerno dem  Raymond Krack (1983-1985) huet dunn am Laaf vum Joer 1986 eng nei Equipe ënnert der Leedung vu Jean Hengesch (President 86-88) a Roger Winandy (Secretär 86- 88, President 88-90)  d’Leedung vum Veräin iwwerholl.

Ënnert dem Impuls vun dësem Roger Winandy an der Ënnerstëtzung vum deemolege Buergermeeschter an freiheren President Norbert Sassel  ass du beschloss ginn en neien zousätzleche 2ten Vestiairestrakt ze bauen.

Esou wéi dat schon an de 70er Joeren de Fall war, huet d’Gemeng d’Material gestallt an e puer Idealisten, wéi schon deemols, hunn dat Ganzt dunn zesummegesat.

HS03No knapp 2 Joer Bauzeit an iwwert 4500 Aarbechtsstonnen konnt dunn den 20. August 1989 och dëst Gebai ageweit ginn.

Ganz déif Trauer ass dunn am August 1990 iwwert de Veräin eragebrach,  wéi eis ganz onerwaart de Roger Winandy fir ëmmer verlooss huet.

Trotz dësem ganz schwéiere Schlag huet et misse weidergoen an de Veräin huet probéiert dem Frënd Roger seng Dynamik an Iddiën esou gut wéi méiglech weider ze liewen, wat awer net emmer esou einfach war, an den Verein die eng oder aner Keier batter Stonnen huet missen iwert sech ergoen lossen.

Ennert der Leedung vum President Nico Lessyn konnt dunn awer am August 1993 dem FC Schuller seng 60 Joer gefeiert gin.

De permanenten Zouwuess vun der Populatioun an der Gemeng Dippech huet mat sech bruecht, dass nieft 2 Seniors- an 1 enger Härenequipe ëmmer méi Jugendequipen entstane sinn. Déi Vestiairen aus de 70. Joeren, déi hiren Déngscht méi ewéi geleescht haten, konnten den heitegen Ufuerderungen net méi Stand halen.

DCF 1.0Verschidde Gespréicher a Versammlunge mat de Gemengeverantwortlechen hunn hir Friichte gedroen an eis Gemeng huet dem Bau vun neie Vestiairen zougestëmmt.

Den 16. September 2005 ass dun deen neien Komplex esou wéi dir en haut kennt zesummen mat all den Frënn vum FC Schuller angeweiht gin.

Foto cadets champion 2008

Den FC Schuller ass an bleiwt en klengen familiären Club, wou den Spass am Vierdergronn steht, ouni awer dat sportlecht ze vergiessen, besonnesch eis Jugend huet an deenen leschten Joeren emmer erem op sech opmierksam gemeet.

Esou gouf et flott Momenter ze erliewen, wéi zum Beispill déi 2 Champions-Titelen am Futsall bei 5 Finalen wou mir derbei waren oder den zweefachen Gewenn vum Ettelbrecker-Fussballdâg, den Adidas-Cup bei Bayer Leverkusen, een Landesmeeschtertitel bei den Scolaires an enger Entente mat eisen Kollegen vun Ka
Och net vergiessen, däerfen an wëlle mir déi Leit, déi an der Vergaangenheet mat hirem Engagement an hirem Schweess hei op „Bruchheck“ a soss iwwerall  geschafft hunn, fir dem Schuller Fussball seng Zukunft ze sëcheren esou dass mir haut eis 75 Joer kennen feieren.erjeng oder déi fantastesch Final vum Cadets-Championnat dest Joer wou eis Jongen zesummen mat denFrenn vun Monnerech den Ttitel geholl hun.

 

De Comité, d’Spiller an all d’Membren vum Schuller Fussball soen all deene Leit, e grousse Merci

 

 

Den FC Étoile Sportive Schouweiler                                                                                                                                                   September 200

© Fc Schuller 2016
created by ME